Izeg Finalist vun der Coupe
An der Hallefinale huet Izeg 1 kloer 6:2 géint Jonglënster 1 gewonn. Gewonn hunn den Luc an de Victor den 2. Dubbel, d'Stefka an d'Isabelle den Dammendubbel, den Akis den 1. Eenzel, d'Stefka den Dammeneenzel, de Ben den 3. Eenzel an d'Isabelle an de Luc de Mixte.
An der Finale hu mer dunn 2:5 géint Schëffleng 1 verluer. D'Eierepunkten maachen de Juno am 2. Eenzel an de Ben am 3. Eenzel. Féilicitaiounen der ganzer Equipe. Merci och all deenen, déi als Trainer, Supporter oder Arbiter do waren.